A wann Är Offäll géifen fir Konscht déngen? A fir Ëmwelterzéijung?
A wann Ärt ausrangéiert Material als Rostoffquell fir artistesch a pädagogesch Zwecker géng déngen?
Warscheinlech produzéiert Är Entreprise och geleeëntlech onperfekt Wuer, déi nët verschafft ka ginn, Dir hutt Chutten oder zevill Verpackungen? Dir hutt Plastik, Holz, Metall, Stofft, Kartrong, Stëpp…
Fir eis ass dat alles keen Offall, mais kreativ Matière première.
D‘ MateriaTéik sammelt dës (nët kontaminéiert) Materialien bei Iech an, a gëtt hinnen eng nei Valeur am Kader vun de Workshoppen, déi sech un ee grousse Public riichten (Schoulen, Maisons relaisen, Jugendhaiser, Clubs seniors an aner regional Associatiounen).
Konkret:
D’Material gëtt gesënnert, wa néideg gebotzt an da weiderverbraucht an de Workshoppen, déi vun enger Artistin encadréiert sinn.
Firwat matmachen?
Dir valoriséiert Ären Offall an enger lokaler, artistescher a nohalteger Démarche.
Dir ënnerstëtzt d’Ëmwelterzéijung an d’nohalteg Ökonomie
Dir hutt manner Offall fir ze entsuergen a weist d’Beispill vun engem responsablen Engagement.
Dir kritt eng positiv Visibilitéit (Ausstellungen, Kommunikatioun, Autocollant „Entreprise partenaire“ fir ze affichéieren).
« Et si vos déchets servaient à créer de l’art… et à éduquer à l’écologie? »
Et si vos rebuts devenaient des ressources éducatives et artistiques?
Votre entreprise produit probablement des chutes, pièces imparfaites, emballages ou surplus : bois, plastique, métal, tissus, carton, bouchons…
Pour nous, ce ne sont pas des déchets, mais de la matière première créative.
MateriaTéik collecte ces matériaux non contaminés pour les revaloriser dans le cadre d’ateliers destinés aux écoles, maisons de jeunes, clubs seniors et associations régionales de l’Oesling.
Concrètement:
Les matériaux sont triés, nettoyés si besoin, puis utilisés lors d’ateliers encadrés par une artiste.
Pourquoi participer ?
Vous valorisez vos rebuts dans une démarche locale, artistique et durable
Vous soutenez l’éducation à l’environnement et l’économie circulaire
Vous réduisez vos déchets et vous montrez l’exemple d’un engagement responsable
Vous bénéficiez d’une visibilité positive (expositions, communication, site internet, autocollant "Entreprise partenaire" à afficher…)
D‘Logistik ass einfach:
Mir kënne ponktuell, oder zu fixen Daten, d’Material siche kommen, oder Dir kënnt ët bei eis an eisem zentrale Raum zu Houffelt (Wëntger) ofginn.
Wann der wëllt kënne mir Iech am Lafenden halen iwwert d’Projete, déi mir mat Ärem Offall réaliséiert hunn. Geleeëntlech gitt Der och invitéiert fir bei eis kucken ze kommen.
„MateriaTéik“ , dat ass d‘ Verbindung tëschend der Produktioun an der Kreatioun.
La logistique est simple :
Nous pouvons venir chercher les matériaux ponctuellement ou à dates fixes, ou vous pouvez les déposer à notre atelier à Hoffelt.
Si vous le souhaitez, nous vous tiendrons informés des projets réalisés avec vos matériaux… et à l’occasion, vous serez invités à venir les découvrir !
MateriaTéik, c’est le lien entre production et création. Ensemble, redonnons de la valeur à ce qu’on croyait inutile.